Davis Cup
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Davis Cup ass dee wichtegsten Tournoi fir Nationalekippen am Hären-Tennis. Den Tournoi ass 1899 an der Harvard Universitéit an Amerika entstanenen. D'Coupe gouf deemools vum Dwight Filley Davis gestallt. Den Davis Cup gëtt all Joer tëscht méi wéi honnert Natiounen, a verschiddene Gruppen a Ronnen, ausgedroen. D'International Tennis Federatioun (I.T.F.) ass fir den Davis Cup zoustänneg. All Ronn tëscht zwou Ekippe gëtt a véier Eenzelen an an engem Dubbel an dräi Deeg gespillt. Een änlechen Tournoi gëtt et och bei de Fraen, ënner dem Numm Fed Cup souwéi am Mixed (Dubbel mat enger Spillerin an engem Spiller pro Ekipp) ënner dem Numm Hopman Cup