De Mythos vun der Onofhängegkeet 1839
From Wikipedia, the free encyclopedia
1839, am Traité vu London, ass de Grand-Duché, deen 1815 um Wiener Kongress geschaf gi war, duerch d'Applikatioun vum Traité vun de 24 Artikelen (1831) tëscht dem neie belsche Kinnekräich an dem Kinnek vun Holland, dem Wëllem I., opgedeelt ginn. Mat deem Kompromëss ass ee Schlussstréch ënner d'Episod vun der belscher Revolutioun gezu ginn.
Zu Lëtzebuerg gouf an enger ganzer Rei vun historeschen a politesche Schrëfte[1] joerzéngtelaang vun "Onofhängegkeet" geschwat, woubäi ee sech mol sollt froen, ob et net vläicht méi richteg gewiescht wier, vu "staatlecher Autonomie" oder vläicht vu "Souverainetéit" ze schwätzen.
Wann ee gesäit, datt d'Lëtzebuerger Land, dat zanter 1815 Member vum Däitsche Bond war an zanter 1842 och nach am preisesch beherrschten däitschen Zollveräin integréiert war, 1848 op een Hoer mat deenen aneren "däitsche" Staaten an e vereenegt Däitschland opgaange wier, wéi d'Unifikatioun (ouni Éisträich) demokratesch ugestrieft gouf, da kann een net gutt behaapten, Lëtzebuerg wier zanter 1839 "onofhängeg" gewiescht. Och 1867 war et bal mat Lëtzebuerg geschitt, wéi den deemolege Grand-Duc, de Wëllem III., och nach Kinnek vun Holland, säi Grand-Duché un den Napoleon III., Keeser vun de Fransouse, verkafe wollt.
No 1867, wéi Lëtzebuerg an engem neien Traité vu London neutral gi war, ass de Grand-Duché effektiv ëmmer méi autonom a souverän ginn: 1868 krut d'Land eng nei liberal Verfassung, d'Industrialiséierung ass richteg op d'Toure komm, 1870/73 ass de Bistum Lëtzebuerg geschaf ginn an 1890 krut d'Land, mat der Famill vun Nassau-Weilburg, eng eegen Herrscherdynastie.
1839 ass am Fong soss näischt geschitt, wéi datt d'Lëtzebuerger Land gedeelt gouf. An deene Joren duerno ass allerdéngs ee lëtzebuergesche Staat, mat engem eegene Grondgesetz (1841) a mat lëtzebuergesche Staatsbeamten, entstanen, a mat der Entdeckung vum Minett an der Integratioun an den Zollveräi goung et geschwë biergop.
D'Iddi, datt Lëtzebuerg 1839 "onofhängeg" gi war, ass eréischt 1939, als Message un Hitlerdäitschland, "erfonnt" ginn. De Centenaire vun der Deelung vun 1839 ass benotzt ginn, fir der ganzer Welt, a besonnesch den Däitschen, nach eng Kéier matzedeelen, datt Lëtzebuerg mëttlerweil eng stabil Existenz opzeweisen hat, an datt d'Lëtzebuerger op kee Fall hir rezent Onofhängegkeet wéilte verléieren. Dat ganzt Joer duerch goufe Festivitéiten uechter d'Land organiséiert, Riede gehalen, Monumenter ageweit a Fräiheetsbeem geplanzt.[2]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Onofhängegkeetsfeierlechkeeten 1939.
Duerno war de Mythos perfekt, an et gouf (a gëtt nach dacks) behaapt, Lëtzebuerg wier schonn 1839 "onofhängeg" ginn. Sou gouf och 1989 eng grouss 150-Joer-Feier organiséiert; ë. a. gouf et eng grouss historesch Ausstellung an denale Foires-Halen um Lampertsbierg ënnert dem Motto De l'Etat à la Nation. 150 Joer onofhängeg, an et gouf e Staatsakt um Anniversaire vun der Ënnerschrëft vum Traité vu London, op deem déi haiteg Staats- oder Regierungscheffe vun de Länner, déi deemools ënnerschriwwen haten, present waren. Den Historiker, déi den Datum vun 1839 kritesch ënner d'Lupp geholl hunn, huet do dergéint bal keen nogelauschtert.
Aner Datumen, déi d'Entstoe vum Land besser kéinte symboliséieren, wéi d'Schafe vum Groussherzogtum um Wiener Kongress, 1815, oder d'Unhuele vun enger éischter Verfassung, 1848, hu sech bis ewell an der kollektiver Erënnerung, resp. an der Erënnerungskultur, kaum duerchgesat.