Demenz
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Demenz (lat. Dementia "ouni Geescht") ass en Defizit vu kognitiven, emotionalen a soziale Kompetenzen, déi zu enger Beanträchtegung vu sozialen a beruffleche Funktioune féiert. Als Haaptsyptom gëllt awer de Verloscht vum Verhalt. Am Ufank vun der Kränkt sti Stéierunge vum Kuerzzäit-Verhalt an dem Verhalt allgemeng, am weidere Verlaf verschwannen dann och ageprägt Inhalter vum Laangzäitveralt, soudatt betraffe Patienten no an no geléiert Fäegkeete verléieren.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
Meeschtens féiert Demenz zu enger Beanträchtegung am soziale wéi och am beruffleche Liewen, a féiert dacks dozou datt eng Erkrankung vum Gehier diagnostizéiert gëtt. Betraff si virun allem de Kuerzzäitverhalt, duerno awer och d'Denkverméigen, d'Sprooch an d'Motorik, bei verschiddene Forme souguer d'Perséinlechkeetsstruktur. Et fält op, datt déi geléiert Fäegkeete verluer ginn, déi ugebuere Reflexer (wéi de Suckelreflex beim Puppelchen) bleiwen awer bestoen. Haut si verschidden Ursaache fir d'Demenz gekläert; verschidde Formen dovu kënnen am Ufanksstadium behandelt ginn, d. h. d'Symptomer kënnen an d'Längt gezu ginn. Déi heefegst Form vun Demenz ass Alzheimer. Demenz kann op verschidden Ursaachen zeréckgoen, bei enger eventueller Therapie sinn déi Ënnerscheeder wichteg.