Deutsche Lufthansa
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lufthansa (Deutsche Lufthansa AG) ass déi gréisst däitsch Fluchlinn mat Sëtz zu Köln. Hiren Heemechtfluchhafen ass zu Frankfurt, zweet Dréikräiz vun der Gesellschaft gëtt lues a lues de Fluchhafe vu München. D'Haaptmaintenancehale sinn zu Hamburg. D'Lufthansa war bis 1953 zu bal 100 % a staatlechem Besëtz, 1966 ass d'Lufthansa-Aktie fir d'éischt un der Bourse cotéiert ginn, 1994 huet de Staat nach 34 % vun den Aktie kontrolléiert; zanter 1997 ass d'Lufthansa vollstänneg privatiséiert. D'Lufthansa ass Grënnungsmember vun der Star Alliance.
D'Lufhansa gehéiert och international zu de gréisste Gesellschaften. Mat hire Verkéiersleeschtungen ass se virbäi am internationale Loftverkéier: Am Joer 2003 huet se am internationale Verkéier déi meescht Passagéier vun allen IATA Fluchgesellschaften transportéiert an ass och bei der Fracht op der 1. Plaz. 2003 goufen 3,5 Prozent méi Passagéier transportéiert wéi d'Joer virdrun. Bei der Lufthansa Cargo gouf duerch déi schwaach Konjunktur manner Fracht transportéiert, 2,7 Prozent manner wéi nach 2002. D'Auslaaschtung ass mat 65,6 Prozent nëmmen ee Prozentpunkt ënner där vun 2002 bliwwen.