Drëssegjärege Krich
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Drëssegjärege Krich war ee vun de längsten an destruktiivste Kricher, a gläichzäiteg ee vun de Reliounskricher an der Geschicht vun Europa, bei deem déi meeschte Leit gestuerwe sinn. E war tëscht 1618 a 1648 an Zentraleuropa an huet aacht Milliounen Doudeger gefuerdert.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Um Ufank vum 17. Joerhonnert stécht Europa an der Kris. D'chrëschtlesch Welt geréit wéinst den neien Iddien (vgl.: Humanismus a Reformatioun) un d'Wibbelen, d'Protestanten an d'Katholike streiden ëm konfessionellen Afloss a politesch-militäresch Muecht. Wéi béimesch Adeleger 1618 zu Prag géint hire Kinnek, den zukünftege Keeser Ferdinand II. vun Habsburg rebelléieren, brécht geschwënn e Krich aus, deen als Drëssegjärege Krich bekannt gouf. Dee Krich, deen als e quasi lokale reliéis-politesche Problem an engem Eck vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun ugefaangen huet, ass ëmmer méi zu enger europäescher Affär ginn, an där et drëms goung, seng Virmuechtstellung opzebauen.
Den Drëssegjärege Krich huet vu 1618 bis 1648 gedauert a léisst sech a véier verschidde Phasen opdeelen:
- de pfälzesche Krich (1618-1625): de béimeschen Adel hat de Chef vum protestantesche Lager, de Kurfürst Friedrich von der Pfalz, zu sengem neie Kinnek gemaach...;
- den dänesche Krich (1625-1629): no der verluerener Schluecht beim Wäisse Bierg hunn d'Protestanten den dänesche Kinnek ëm Hëllef geruff...;
- de schweedesche Krich (1630-1635): no der erneierter Nidderlag vum protestantesche Lager ass de Kinnek vu Schweden, de Gustav II. Adolf, aus dem Haus Vasa, iwwer d'Räich hiergefall, ass allerdéngs no enger Rei vun Erfollegen an der Schluecht vu Lützen gefall...;
- de franséische Krich (1635-1648): Frankräich, dat scho laang indirekt - duerch Subsiden a Sëldner - géint d'Haus Habsburg gekämpft huet, krut e manifeste Krichsgrond geliwwert wéi am Mäerz 1635 de spuenesche Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg Truppe géint déi zënter 1632 vun de Fransouse besate Stad Tréier geschéckt huet, déi d'Stad ageholl hunn an de mat de Fransouse verbënnten Tréirer Kurfierscht von Sötern gefaange geholl hunn. Frankräich huet elo mat de Feldhäre Condé an Turenne direkt agegraff (wat de Krich och an d'Herzogtum Lëtzebuerg bruecht huet), huet de keeserlechen Truppen e puer zolitt Nidderlage verpasst an huet 1648 de sougenannte Westfälesche Fridden zu Münster an zu Osnabrück (=> 3 verschidde Verträg) méi oder wéinger diktéiert.
Mam Westfälesche Fridde war d'Räich definitiv geschwächt (a méi wéi 300 politesch Eenheeten opgedeelt), dem Louis XIV. säi Frankräich war déi Groussmuecht um europäesche Festland ginn, a Schweden huet fir eng länger Zäit Nordeuropa an d'Ostséi dominéiert; d'Republik vun de Vereenegte Provënzen (ëm Holland) an d'Schwäizer Kantonen, déi de facto scho méi laang onofhängeg ware, sinn als eegestänneg Länner unerkannt ginn, déi net méi vum Räich ofgehaangen hunn.