ESO 3.6 m Teleskop
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den ESO-3,6-m-Teleskop ass en opteschen an Noinfrarout-Spigelteleskop mat engem 3,57 m Spigel an equatorialer Gafelmontéierung. Et gehéiert zum Europäesche Südobservatoire ESO an ass Deel vum La-Silla-Observatoire am Chile.
Den Teleskop steet op enger Héicht vun 2.400 m.
Den Teleskop gouf 1976 gebaut, a war vun 1977 u betriibsbereet. Enn vun de 70er Jore vum 20. Joerhonnert war et mat senge knapps 3,6 m Spigelduerchmiesser an enger Spigelfläch vun 8,6 m2 eent vun de gréissten opteschen Teleskope vun der Welt an huet domat ettlech Uschafunge vun den Naturwëssenschafte an Technik ënnerstëtzt. An den 80er Joren hat en eng vun den éischten adaptiven Optike déi an der Astronomie agesat goufen. Vum Joer 2009 war den Teleskop dunn un der Entdeckung vu 75 méiglechen Exoplanéite bedeelegt.
Eng Renovéierung am Joer 1999 an d'Ausstafféierung mat engem neie Sekundärspigel am Joer 2004 hunn et op den haitege Stand bruecht.