Emmanuelle Béart
franséisch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Emmanuelle Marie Hélène Béart, gebuer de 14. August 1963 zu Gassin, ass eng franséisch Schauspillerin.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Emmanuelle Béart | |
---|---|
Gebuertsnumm | Emmanuelle Marie Hélène Béart |
Gebuer |
14. August 1963 Gassin |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Mannequin, Theaterschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Daniel Auteuil, Michaël Cohen |
Liewenspartner(in) | Daniel Auteuil |
Papp | Guy Béart |
Mamm | Geneviève Galéa |
Zoumaachen
Si ass d'Duechter vum Sänger Guy Béart an der Mannequin Geneviève Galéa. Nieft hirer Schauspillerei ass si och Ambassadrice vun der Unicef an engagéiert sech fir sozial Benodeelegter.
Hir éischt bekannt Roll hat s'an der Pagnol-Verfilmung Manon des sources, woufir s'e César fir déi bescht weiblech Nieweroll krut. E grousse Succès hat si och a La belle noiseuse vum Jacques Rivette. Weider bekannt Filmer, wou se matgespillt huet, sinn z. B. Un cœur en hiver an 8 femmes.
Si spillt och reegelméisseg an Theaterstécker mat.