Ennio Morricone
italieenesche Komponist an Dirigent / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ennio Morricone, gebuer den 10. November 1928 zu Trastevere bei Roum a gestuerwen de 6. Juli 2020 zu Roum, war een italieenesche Komponist an Dirigent. Hien huet zum Deel och ënner de Pseudonymen Dan Savio a Leo Nichols geschafft, an d'Filmmusek vun iwwer 500 Filmer komponéiert.
Ennio Morricone | |
---|---|
Pseudonym | Dan Savio, Leo Nichols |
Gebuer |
10. November 1928 Roum |
Gestuerwen |
6. Juli 2020 Roum |
Nationalitéit | Italien |
Educatioun | Accademia Nazionale di Santa Cecilia |
Aktivitéit | Dirigent, Pianist, Filmkomponist, Arrangeur, Komponist, Trompettist, Museksproduzent |
Am bekanntste si seng Kompositioune fir Italo-Western, obwuel en "nëmme" fir eng 30 där Filmer d'Musek geschriwwen huet (vill fir säi fréiere Klassekomerod Sergio Leone). Dorënner sinn d'Klassiker wéi Il buono, il brutto, il cattivo, C'era una volta il West, an d'Net-Western Mission vum Roland Joffé an Nuovo Cinema Paradiso vum Giuseppe Tornatore. De Morricone huet vill mat ongewéinleche Kläng an Instrumenter geschafft, déi bis dohin nach net an der Filmmusek ze héiere waren, wéi Maultrommelen, Gepäifs vun Okarinaen, Gehurels vu Kojoten, Klacken, Spillaueren, d'Geknalls vu Peitschen, asw.
Nieft Film- a Bünemusek huet hien och Kammermusek fir Solisten (Gittar, Piano, Gei, Cello) a verschidde Formatiounen (Trio, Quintett, Sextett, Piano an Instrumenter, Gesang an Instrumenter, Chéier, asw.) an och Kantate geschriwwen:
- Ut (1992)
- Cantata per I’Europa (1988)
- Cantata Frammenti di Eros (1985)
- Gestazione (1980)
- Requiem per un Destino (1966)
- Sestetto (1955)