Ernst Lubitsch
däitsch-US-amerikanesche Filmregisseur a Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ernst Lubitsch, gebuer den 29. Januar 1892 zu Berlin a gestuerwen den 30. November 1947 zu Los Angeles, war en däitsch-US-amerikanesche Filmregisseur a Schauspiller.
Ernst Lubitsch | |
---|---|
Gebuer |
29. Januar 1892 Berlin |
Gestuerwen |
30. November 1947 Hollywood |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Däitschland, USA |
Aktivitéit | Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Filmediteur, Filmschauspiller, Regisseur |
No e puer Theater- a Cabaretsrollen huet de Lubitsch 1913 als Schauspiller eng éischt Kéier an engem Film matgespillt, Die ideale Gattin. Deen éischte Film, bei deem e Regie gefouert huet, war Blindekuh. Vun do un huet hie just nach seele selwer matgespillt. Seng éischt Filmer ware Slapstick-Comedien; vun 1919 u koumen ëmmer méi dacks historesch Filmer mat derbäi. 1922 ass hien an d'USA emigréiert. Do hat hie gläich Succès mat den Historefilmer Anna Boleyn an Das Weib des Pharao No Rosita, deen e fir d'a mat der Mary Pickford gedréint huet, goung hie fir dräi Joer bei d'Warner Brothers, an duerno bei d'Paramount. Filmer aus där Zäit sinn d'elegant Comedien Lady Windermere's Fan a Kiss Me Again, oder d'Geschichtsverfilmunge Forbidden Paradise an The Patriot.
An där Zäit huet sech och de sougenannte Lubitsch Touch erausgeschafft, dee säi Markenzeeche gouf. Dëse bestoung doranner, duerch zweedeiteg Dialogen oder d'Ewechloosse vun Zeenen et dem Zuschauer senger Fantasie z'iwwerloossen, wat dertëschent geschitt ass, oder wat soss nach gemengt kéint sinn, a sou déi prüd Zensur z'ëmgoen.
Mam Opkomme vum Tounfilm huet de Lubitsch e puer Operetten oder Musicals verfilmt, all mat groussem Succès, wéi The Student Prince of Old Heidelberg, Eternal Love' The Love Parade oder The Smiling Lieutenant.
Dee méi seriöe Film The Man I Killed/aka Broken Lullaby hat do dergéint manner Succès beim Publikum, sou datt de Lubitsch just nach Comedië gedréint huet. Dorënner sinn Trouble in Paradise, The Marry Widow (mam Maurice Chevalier) an Angel (mat der Marlene Dietrich). 1938 goung hie bei d'MGM, fir do mat der Greta Garbo de Film Ninotchka ze dréien. Manner Succès hat e mat The Shop Around the Corner an That Uncertain Feeling. 1942 huet e säi bis haut bekanntste Film gedréint, d'Nazi-Parodie To Be or Not To Be.
1947 huet hien de Éieren-Oscar fir säin innovative Regie-Stil kritt. Seng zwéi lescht Filmer, A Royal Scandal an That Lady in Ermine, konnt hien no engem Häerzschlag net méi selwer fäerdegmaachen; den Otto Preminger huet dat iwwerholl. vo