Eugène Kuborn
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Eugène Kuborn, gebuer de 14. November 1902 zu Wolz a gestuerwen den 12. Februar 1991 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik.[1]
Eugène Kuborn | |
---|---|
Gebuer |
14. November 1902 Wolz |
Gestuerwen |
12. Februar 1991 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schwëmmer |
1910 ass hie mat sengen Elteren - säi Papp de Paul Kuborn, war Nottär - an d'Stad geplënnert. Hie war wärend sengem Studium am Kolléisch a senge Medezinstudien zu Lausanne, Stroossbuerg a Paräis ee vun de beschte Lëtzebuerger Schwëmmer vun der Zäit. Als Student war hien 1919 ee vun de Matgrënner vum Swimming Club Luxembourg. vun deem hien de President vun 1935 bis 1947 war.
1921 huet hie seng éischt Landesrekorden am 400 Meter Kraul an am 100 Meter Réck opgestallt.
Hie gouf fir d'Olympesch Summerspiller 1924 zu Paräis an 1928 zu Amsterdam, selektionéiert, wou hien am 100 Meter Réck an am Waasserball participéiert huet.[2]
Vu Beruff war hien Hals-Nues-Ouerendokter an der Jousefsklinik um Fëschmaart.