Eurobilljeeën
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Euro, d'gemeinsam Wärung vun 20 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, zirkuléiert a Form vu 7 verschiddene Billjeeën (donieft gëtt et 8 verschidde Mënzen). Déi éischt Serie dovu gouf den 1. Januar 2002 an Ëmlaf bruecht.
Am Oktober 2006 ware bal 11 Milliarde Schäiner, mat engem Wäert vu bal 590 Milliarden Euro, am Ëmlaf.
2013 gouf eng nei Serie an Ëmlaf bruecht, déi déi al no an no ersat huet. Ugefaange gouf mam 5-Euro-Schäin.