Europarot
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Europarot (fr: Conseil de l'Europe) ass eng tëschestaatlech Organisatioun an Europa.
En däerf net mam Europäesche Conseil oder mam Conseil vun der Europäescher Unioun (dem EU-Ministerrot) verwiesselt ginn.
Am Europarot sinn all europäesch Länner, mat Ausnam vu Russland, Wäissrussland an der Vatikanstad, Member; am Europäesche Conseil an dem Conseil vun der Europäescher Unioun (zwou Institutioune vun der Europäescher Unioun) si just d'Memberstaate vun der Europäescher Unioun vertrueden.
Den Europarot gouf vun der Belsch, Dänemark, Frankräich, Groussbritannien, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Norwegen a Schweden offiziell den 3. August 1949 an d'Liewe geruff. En huet säi Sëtz zu Stroossbuerg.
Och wann den Europarot institutionell näischt mat der EU ze dinn huet, deelt e mat hir de selwechte Fändel an déi selwecht Hymn.
Den Europarot ass e Forum fir Debaten iwwer allgemeng europäesch Froen. Säin Zil ass et, dat Ierwen, wat d'europäesch Länner zesummen hunn, z'erhalen an den ekonomeschen a soziale Fortschrëtt virunzedreiwen.
Zanter 1993, nodeem bal all fréier kommunistesch Staate Member gi waren, befaasst den Europarot sech verstäerkt mam Erhale vun der demokratescher Sécherheet, wourënner d'Anhale vun de Mënscherechter, d'Sécherung vun den demokratesch an de rechtsstaatleche Grondprinzipie falen.