Europäesch Wäitwanderweeër
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi Europäesch Wäitwanderweeër si Wanderweeër, déi queesch duerch Europa iwwer grouss Distanzen zéien. Si goufe vun der Europäescher Wandervereenegung initiéiert, déi sech an hire Grënnungsstatuten am Joer 1969 d'Zil gesat hat, fir e Reseau vu Wäitwanderweeër ze schafen, deen d'Vëlker matenee verbanne soll. Am Laf vun de Jore goufen op där Basis 11 Wanderweeër ageriicht.
De Reseau huet eng Totallängt vu 55.000 km, vun deenen en Deel net oder net gutt markéiert ass, oder um Terrain nach net ëmgesat gouf. A Mëtteleuropa sinn d'Weeër an hir Markéierunge meeschtens an engem gudden Zoustand.