Europäesche Conseil
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Europäesche Conseil (och alt "EU-Sommet" genannt) bréngt d'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun (EU), hir Ausseministeren an och de President vun der Europäescher Kommissioun zesummen. Hie leet déi allgemeng politesch Orientéierunge vun der EU fest a spillt domat eng decisiv Roll doran, wéi a wuer d'EU sech entwéckelt, wat hir Prioritéite sinn, asw.
En huet säi Sëtz zu Bréissel am Europa Building.