Eurovision Song Contest
internationale Museksconcours / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Eurovision Song Contest (ofgekierzt: ESC, fréier besser bekannt als Grand Prix Eurovision de la Chanson) ass en internationale Museksconcours fir Komponisten a Lidderschreiwer, deen zanter 1956 all Joer vun der European Broadcasting Union organiséiert gëtt. D'Ureegung dofir war vum Festival vu Sanremo (Italien) beaflosst, dee schonn 1951 an d'Liewe geruff gouf. Bei deem Concours kënne grondsätzlech all Memberlänner vun der EBU, zu där och e puer asiatesch an afrikanesch Staate wéi Israel, Libanon a Marokko, an och Australien gehéieren, matmaachen. Sou kann all Land wat deelhëlt e Lidd an d'Course schécken, am Hoffes dofir déi meescht Stëmmen ze kréien a sou ze gewannen.
Obwuel et eigentlech e Concours fir Komponisten a Lidderschreiwer ass, gëtt an de Medien an an der Ëffentlechkeet méi Wäert op d'Interprete vum Lidd geluecht an aus wat fir engem Land se kommen. Dofir gëtt de Concours zimmlech kontrovers diskutéiert an d'Meenungen dozou si staark polariséiert.
De Concours gëtt normalerweis an deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen huet. Et ass awer schonn e puermol virkomm dat e Gewënnerland, dat z. B. zweemol hannerenee gewonnen hat, de Concours net méi selwer wollt organiséieren, meeschtens aus finanzielle Grënn, an dann un en anert Land iwwerginn huet.
Zanter 2004 gëtt de Concours mat enger Halleffinall an enger Finall ausgedroen an zanter 2008 ginn zwou Halleffinallen an eng Finall ausgedroen. Den Oflaf vun de Sendungen ass zimmlech standardiséiert. Am éischten Deel presentéieren d'Interpreten hir Lidder. Duerno kënnt eng Paus wou d'Ofstëmmunge kënne gemaach an ausgewäert ginn. Déi Paus gët duerch e Showprogramm gefëllt, dee sougenannten Interval act. Duerno gëtt dann d'Punkteverdeelung vun alle bedeelegte Länner bekannt ginn. Zum Schluss däerf de Gewënner säi Lidd eng zweet Kéier presentéieren.
Déi lescht, 67. Editioun vun der Finall vum Concours war den 13. Mee 2023 zu Liverpool (Groussbritannien). Gewonne gouf se vum Loreen mam Lidd Tattoo (Schweden). Déi nächsten Ausgab ass fir den x. Mee 2024 zu Stockholm virgesinn.