FILANO
interkommunale Syndikat zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
FILANO ass en interkommunale Syndikat zu deem d'Gemenge Fëschbech, Fiels an Noumer gehéieren. Et ass en Akronym vun de franséischen Nimm vun de Gemenge Fischbach, Larochette, an Nommern.
Séier Fakten Syndicat intercommunal pour la construction, l'exploitation et l'entretien d'un hall sportif des communes de Fischbach, Larochette et Nommern, Secteur ...
Syndicat intercommunal pour la construction, l'exploitation et l'entretien d'un hall sportif des communes de Fischbach, Larochette et Nommern | |
---|---|
Secteur | Schwammsport, Sport |
Leedung | Fränk Daems |
Verwaltungssëtz | Fiels |
Membergemengen | Fëschbech, Fiels, Noumer |
Gegrënnt | 18. November 1997 |
Websäit | https://centresportiffilano.wixsite.com/website/syndicat |
Zoumaachen
De Syndikat gouf den 18. November 1997 gegrënnt, mat dem Zil sech ëm de Bau an d'Gestioun vun engem Sportzenter mat Schwämm ze bekëmmeren[1].
Den Zenter gouf den 11. Mee 2001 um Flouer Birkelt bei der Fiels ageweit.