Fernando Rey
spuenesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fernando Rey, fir richteg Fernando Casado Arambillet, gebuer den 20. September 1917 zu A Coruña a gestuerwen den 9. Mäerz 1994 zu Madrid, war e spuenesche Schauspiller.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Fernando Rey | |
---|---|
Gebuertsnumm | Fernando Casado Arambillet |
Gebuer |
20. September 1917 A Coruña |
Gestuerwen |
9. Mäerz 1994 Madrid |
Doudesursaach | Blosekriibs |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Mabel Karr |
Zoumaachen
Hien huet Architektur studéiert an am Spuenesche Biergerkrich op der Säit vun de Republikaner gekämpft. Duerno huet en ufanks als Statist an duerno als Synchronspriecher a Schauspiller geschafft.
De Rey gouf virun allem an de Filmer vum Luis Buñuel an am US-Thriller The French Connection vum William Friedkin an der Suite dovun, French Connection II vum John Frankenheimer, international bekannt.