Flash (Barry Allen)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Flash, och The Flash, ass e Superheld aus dem DC-Universum. D'Figur gouf vum Schrëftsteller Robert Kanigher an dem Zeechner Carmine Infantino kreéiert. Säin éischten Optrëtt hat de Barry Allen als Flash 1956 am Showcase N°4, enger Publikatioun aus dem Haus DC Comics. Dëse spezifesche Comic ass an der amerikanescher Comigeschicht net onwichteg, well en huet zu der Aféierung vum Silver Age bäigedroe. Am däitsche Sproochraum ass de Flash och als Roter Blitz bekannt. Déi Versioun koum als Comic bei Ehapa Media eraus.
De Flash zeechent sech duerch seng iwwermënschlech Vitess aus, wat souzesoe seng Superkraaft ass. Am normale Liewen heescht de Flash Barry Allen. Et erkennt een de Flash gutt u sengem roude Kostüm mat engem gëllene Blëtz op der Broscht. A sengem private Liewen ass de Flash Forensiker a mam Iris Allen bestuet.
Nieft dem Barry Allen gëtt et awer och nach aner Figuren, déi d'Roll vum Flash iwwerholl hunn. Sou ass de Barry Allen u sech net den éischte Flash, mä eng nei Interpretatioun vum Original, deen als Jay Garrick schons an den 1940er Joren a Comics opgedaucht ass. An dëser Rei ass de Barry Allen no dem Jay Garrick den zweete Personnage, deen d'Roll vum Flash iwwerhëlt.
Bis elo gëtt et op d'mannst 4 verschidde Charakteren, déi de Flash spillen. Hien ass nieft dem Batman an dem Superman ee vun de beléiftste Superhelde vun DC.
Et gëtt eng Rëtsch vu cinematographesche Realiséierunge vum Flash. Déi aktuellst ass wuel d'Flash-Serie, déi zanter 2014 op Netflix ze gesinn ass.