Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau du Kirchberg, kuerz Fonds du Kirchberg oder FUAK, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg, deem seng Aufgab et ass, de Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg urbanistesch z'erschléissen.
Fonds du Kirchberg | |
---|---|
Typ | Établissement public |
Grënnungsdatum | 7. August 1961 |
Sëtz |
4 Rue Érasme L-1468 Lëtzebuerg |
Leedung |
Félicie Weycker (Presidentin Verwaltungsrot) Marc Widong (Direkter) |
Homepage | fondskirchberg.lu |
E gouf op onbestëmmt Zäit gegrënnt duerch e Gesetz vum 7. August 1961[1], e Gesetz, dat den 10. Oktober 1961 ergänzt[2] an duerno de 26. August 1965, den 28. August 1968, den 8. Juni 2004 an de 6. Dezember 2019 ëmgeännert gouf[3][4].
Déi éischt Aufgab vum Fong war et, d'Rout Bréck ze bauen. Nodeems de Staat d'Terrainen opkaaft hat, fir Europäesch Institutiounen ënnerzebréngen, huet de Fong deen nei Quartier developpéiert. Bis an d'1990er Jore war de Kierchbierg eng Usammlung vun eenzele Gebaier, déi méi schlecht wéi recht matenee verbonne waren, an dee vun enger Autobunn duerchgeschnidde war. Wéi sech ëmmer méi Banken um Kierchbierg néiergelooss hunn, gouf d'Autobunn zu engem stättesche Boulevard zeréckgebaut (déi haiteg Avenue John F. Kennedy) an e méi dichte Bebauungsplang, mat gemëschte Funktiounen, ausgeschafft[5].