Fort Niedergrünewald
Baussewierk vun der Festung Lëtzebuerg um Kierchbierger Plateau / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fort Niedergrünewald (franséisch: Fort du Bas-Grünewald) war e Baussewierk vun der Festung Lëtzebuerg a gouf tëscht 1684 a 1685 um Kierchbierger Plateau no Pläng vum franséische Festungsarchitekt an –ingenieur Sébastien Le Prestre de Vauban gebaut. Et war e grousse Fort, dee gläichzäiteg de Kierchbierger Plateau an de Pafendall beherrscht huet.
Séier Fakten Land, Gemeng ...
En Deel vun den Iwwerreschter vum Fort Niedergrünewald | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'58,8064"N, 6°8'2,0868"O |
Architekt(en) | Sébastien Le Prestre de Vauban |
Datum vum Bau | 1685 |
Ofgerappt oder zerstéiert | 1876 |
Zoumaachen