Fréiere Stater Tram
Tram an der Stad Lëtzebuerg an a Nopeschgemenge / From Wikipedia, the free encyclopedia
De fréiere Stater Tram war den Tram deen tëscht 1875 an 1964 um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg an a verschiddenen Nopeschgemenge gefuer ass - fir d'éischt vu Päerd gezunn, dono elektresch. Et war nieft deem vum Kanton Esch, deen tëscht 1927 an 1956 a Betrib war, ee vun den zwéin historeschen Tramsreseauen zu Lëtzebuerg.
50 Joer dono, 2014, kruten d'Pläng vun engem neie Stater Tram an der Chamber gréng Luucht[1], sou datt den 10. Dezember 2017 dat éischt Deelstéck dovun a Betrib geholl gouf[2].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stater Tram.
De fréiere Stater Tram kann an zwee grouss Kapitelen agedeelt ginn, de Päerdstram an den elektreschen Tram: