Franz Marc
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Franz Moritz Wilhelm Marc, gebuer den 8. Februar 1880 zu München a gestuerwen de 4. Mäerz 1916 zu Braquis, bei Verdun, war en däitsche Moler a Schrëftsteller. Hie war Member vun der Grupp Der Blaue Reiter a gëtt haut zu den Haaptvertrieder vum däitschen Expressionismus gezielt.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Franz Marc | |
---|---|
Gebuertsnumm | Franz Moritz Wilhelm Marc |
Gebuer |
8. Februar 1880 München |
Gestuerwen |
4. Mäerz 1916 Braquis |
Doudesursaach | am Asaz gefall |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich |
Educatioun | Akademie der Bildenden Künste München |
Aktivitéit | Moler, Illustrateur, Graveur, Graphiker, visuelle Kënschtler |
Member vun | Der Blaue Reiter |
Famill | |
Papp | Wilhelm Marc |
Geschwëster | Paul Marc |
Zoumaachen
Hie ass un der Front am Éischte Weltkrich gestuerwen.
Säi Wierk kann an dräi Etappen agedeelt ginn: Ufanks war et figurativ (besonnesch Déieren huet hie gär gemoolt) a gouf dann ëmmer méi abstrakt, fir d'éischt duerch d'Auswiel vu Faarwen, duerno duerch d'Formen, déi ëmmer méi geometresch goufen.