Friedrich Wilhelm Murnau
From Wikipedia, the free encyclopedia
i De Friedrich Wilhelm Murnau, och F. W. Murnau, gebuer den 28. Dezember 1888 als Friedrich Wilhelm Plumpe zu Bielefeld, a gestuerwen den 11. Mäerz 1931 zu Santa Barbara, a Kalifornien, war en däitsche Filmregisseur.
Friedrich Wilhelm Murnau | |
---|---|
Gebuertsnumm | Friedrich Wilhelm Plumpe |
Gebuer |
28. Dezember 1888 Bielefeld |
Gestuerwen |
11. Mäerz 1931 Santa Barbara |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun |
Universitéit vun Heidelberg, Ernst-Busch Héichschoul |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Regisseur |
Hie gëllt als ee vun de bedeitendsten däitsche Regiseuren aus der Zäit vum Stommfilm. Seng Filmer si vum Expressionismus beaflosst, an hiet huet eng deemools revolutionär Kamera- a Montageaarbecht agesat, déi dem Medium Film nei Méiglechkeeten opgemaach huet.
Zu senge bekanntste Wierker zielen Nosferatu - Eine Symphonie des Grauens (1922), deen um Bram Stoker sengem Dracula baséiert, Der letzte Mann (1924) aFaust - eine deutsche Volkssage (1926).
1926 ass hien op Hollywood emigréiert, wou e fir de Fox Studio dräi Filmer gedréint huet: Sunrise (1927), 4 Devils (1928) a City Girl (1930).
Hien ass un de Suitë vun engem Autosaccident gestuerwen.
Vu sengen 21 Filmer sinn der haut 8 déi als verluer gëllen.
De Film Shadow of the Vampire, dee bal ganz zu Lëtzebuerg gedréint gi war, verzielt, wéi bei den Dréiaarbechten zu Nosferatu den Haaptactuer Max Schreck seng Roll erschreckend realistesch spillt. De Murnau gëtt do vum John Malkovich gespillt.