Gemeng Helperknapp
lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Miersch / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gemeng Helperknapp läit am Kanton Miersch an ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Tënten. D'Märei ass an der Huelmesser Strooss.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Helperknapp. Fir d'Knupp mat deem Numm, kuckt wgl. Helperknapp. |
Séier Fakten Aussprooch, An anere Sproochen ...
Gemeng Helperknapp | |
---|---|
D'Märei an der Huelmesser Strooss zu Tënten | |
D'Märei an der Huelmesser Strooss zu Tënten | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Helperknapp de: Helperknapp |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Miersch |
Chef-lieu | Tënten |
Buergermeeschter | Paul Mangen |
Awunner | 4.941 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 3.761 ha |
Koordinaten |
49° 43’ 02’’ N 06° 0’ 38’’ O |
LAU-Code | LU0403 |
Websäit | http://www.helperknapp.lu |
Zoumaachen
D'Gemeng ass den 1. Januar 2018 aus der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten entstanen. Den Numm kënnt vun der markanter Knupp Helperknapp hier, déi graff gekuckt um hallwe Wee tëscht den Uertschaften Tënten a Béiwen läit.