Geographie vun Australien
From Wikipedia, the free encyclopedia
Australien ass dee klengste Kontinent, awer dat sechsgréisste Land op der Welt. Et gehéiert zu Ozeanien a läit op der südlecher Hallefkugel tëscht dem Indeschen Ozean an dem südleche Pazifeschen Ozean.
Déi ganz Fläch bedréit 7.686.850 km², dovu si 7.617.930 km² Land an 68.920 km² Waasser. Vun Norde bis Süde sinn et ongeféier 3.700 km a vu Westen no Osten ongeféier 4.000 km.