Georg Kreisler
US-amerikanesche Museker, Sänger, Komponist, Auteur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Georg Franz Kreisler, gebuer den 18. Juli 1922 zu Wien a gestuerwen den 22. November 2011 zu Salzburg, war en US-amerikanesche Museker, Kabarettist, Komponist, Satiriker a Schrëftsteller mat éisträicheschen Originnen. Hie gouf viru allem an den 1950er a -60er Jore bekannt fir seng hannergrënneg a makaber Lidder, wéi z. B. Geh'n ma Tauben vergiften im Park, Zwei alte Tanten tanzen Tango, asw.
Georg Kreisler | |
---|---|
Gebuer |
18. Juli 1922 Wien |
Gestuerwen |
22. November 2011 Salzburg |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Komponist, Schrëftsteller, Sänger, Liddertexter, Lidderschreiwer, Discographesche Kënschtler |
Famill | |
Bestuet mat | Topsy Küppers |
1938 ass hie mat senger Famill, nom Anschluss vun Éisträich un d'Nazidäitschland, an d'USA emigréiert. Do huet hie mat 21 Joer déi amerikanesch Nationalitéit ugeholl, a sech an d'Arméi bei d'Ritchie Boys gemellt.
Nom Krich huet hien ufanks zu Hollywood beim Film geschafft, ë. a. mam Charlie Chaplin, duerno ass en op New York geplënnert, wou en 3 satiresch Placken opgeholl huet, déi awer kee grousse Succès haten.
1955 goung en hannescht an Europa, fir d'éischt op Wien, wou en ë. a. mam Hans Weigel, Gerhard Bronner, Peter Wehle an Helmut Qualtinger zesummegeschafft huet. 1958 ass en op München geplënnert, an 1976 op Berlin. 1988 bis 1992 huet hie bei Salzburg gewunnt, duerno bis 2007 zu Basel an zulescht zu Salzburg.
Zanter 2001 ass de Georg Kreisler net méi mat senge Lidder opgetrueden, mä huet weider Romaner, Kuerzgeschichten an Essaye geschriwwen a komponéiert.