Gouverneur
Chef vun enger ziviller oder militärescher Administratioun / From Wikipedia, the free encyclopedia
E Gouverneur ass en Titel vun enger Amtspersoun dee verschidde Funktiounen, jee no Land a Period, bezeechent.
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Am militäresche Milieu ass de Gouverneur gemenkerhand deen, deen déi zivil an/oder militäresch Exekutivgewalt iwwert eng Provënz, e Staat (am Fall vun enger Federatioun) oder enger Kolonie exekutéiert. Hien ënnersteet meeschtens enger méi héijer Autoritéit, dacks dem Staatschef oder der Regierung vun deem Land fir dat hie schafft. An engem federale Staat regéiert et entweeder am Numm vun der Zentralregierung wann e genannt gëtt oder autonom wann et gewielt gëtt (dat ass z. B. de Fall an den US-amerikanesche Bundesstaaten). E Gouverneur kann och e lokale Vertrieder vun enger Kompanie sinn, deen eng Festung, eng Buerg, eng Zitadell oder souguer eng Militärregioun kommandéiert.
Den Titel Gouverneur gëtt och nach gebraucht fir eng Persoun, déi eng grouss Institutioun oder eng Bank leet, sou wéi dat z. B. bei der Banque de France de Fall ass. De President vun der europäescher Zentralbank gëtt heiansdo och Gouverneur genannt.