Festival luxembourgeois du Cyclisme Féminin Elsy Jacobs
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Festival luxembourgeois du Cyclisme Féminin Elsy Jacobs ass eng international Etappecourse fir Dammen zu Lëtzebuerg. Vun 2008 bis 2011 gouf si ënnert dem Nummm Grand Prix Elsy-Jacobs gefuer.
D'Course gouf ursprénglech vum SaF Zéisséng ënner dem Patronage vun der Gemeng Garnech an zu Éiere vun der Vëlossportlerin Elsy Jacobs (1933-1998) organiséiert. D'Elsy Jacobs war 1958 Weltmeeschterin an der Course en Ligne zu Reims ginn an hat dat selwecht Joer en neie Stonneweltrekord zu Mailand opgestallt.
De Grand Prix Elsy-Jacobs an de Grand Prix Nicolas-Frantz ginn zanter dem Joer 2012 vum Festival luxembourgeois du cyclisme féminin Elsy-Jacobs ersat deen als Etappecourse vun zwéin Deeg gefuer gëtt.