Metropolesch an Net-Metropolesch Grofschafte vun England
From Wikipedia, the free encyclopedia
Zanter der leschter Ännerung vum 1. Abrëll 1998 ass England administrativ an 82 Grofschaften agedeelt. Dës falen an zwou verschidde Kategorien, nämlech metropolesch Grofschaften (metropolitan counties; dovu gëtt et der 6) an net-metropolesch Grofschaften (non-metropolitan counties). Déi zweet Kategorie ass zousätzlech a shire counties (35) an unitary authorities (40) ënnerdeelt. Derbäi kënnt nach datt de Groussraum London (Greater London) als separat Regioun zielt.