Groussherzog vu Lëtzebuerg
Staatschef vu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
Lëtzebuerg ass zanter dem Wiener Kongress, 1815, e Groussherzogtum. Der Lëtzebuerger Constitutioun no (cf. Art. 33) ass de Groussherzog vu Lëtzebuerg de Staatschef, Symbol vu senger Eenheet a Garant vun der nationaler Onofhängegkeet. Entspriechend der Constitutioun üübt hien zesumme mat der Regierung d'exekutiv Gewalt vun de Gesetzer vum Land aus.
Den aktuelle Groussherzog vu Lëtzebuerg ass den Henri vu Lëtzebuerg.
D'groussherzoglech Residenz ass um Schlass Bierg zu Colmer-Bierg.