High Mobility Multipurpose Wheeled Vehicle
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den High Mobility Multipurpose Wheeled Vehicle kuerz HMMWV och Humvee oder Hummer genannt, ass den Haaptasazwon an der Lëtzebuerger Arméi.
Den 22. Mäerz 1983 huet d'US-amerikanesch Arméi (United States Army) mat der AM General Division (haut AM General Corporation) e Vertrag an der Héicht vun 1,2 Milliarden US-Dollar fir d'Liwwerung vu 55.000 High Mobility Multipurpose Wheeled Vehicle (HMMWV), ofgeschloss. Deemools ass et den Hummer a 15 verschiddene Versioune ginn. Déi amerikanesch Sträitkräften (Army, Marines, Air Force) hu schlussendlech iwwer 120.000 Ween bestallt. Domat war dat dee gréisste Kontrakt, deen d'amerikanesch Arméi jeemools fir Ween op Rieder gemaach huet. Haut huet d'Army der ongeféier 120.000 an de Marine Corps huet der ongeféier 20.000. Den Hummer ass awer och an aner Länner exportéiert ginn, dorënner Spuenien, Portugal, Saudiarabien a Lëtzebuerg. D'Lëtzebuerger Arméi huet e bësse manner wéi 200 Hummeren.
Den Hummer, den déi intern Bezeechnung M 998 Series kritt huet, ass ee Multipurpose Vehicle, dat heescht, datt hie fir eng ganz Rei vu verschiddenen Aufgaben agesat ka ginn. Hien ersetzt eng ganz Rëtsch vu liichten Transportween wéi beispillsweis d'Jeep, d'Dodge WC, den M 561 Gama Goat an den M 274 Mule.