Henri Vannérus
lëtzebuergesche Jurist a Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Henri Vannérus, gebuer den 29. Juli 1833 zu Dikrech, gestuerwen de 16. Mee 1921 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Henri Vannérus | |
---|---|
Gebuer |
29. Juli 1833 Dikrech |
Gestuerwen |
16. Mee 1921 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Papp | François-Julien Vannerus |
Geschwëster | François-Ernest Vannérus |
Hie war President vum Bezierksgeriicht Dikrech.
Vun 1864 bis 1866 an der Regierung de Tornaco a vun 1867 bis 1869 an der Regierung Servais war e Generaldirekter (Minister) fir Justiz.
Tëscht 1874 an 1921 war e Member vum Staatsrot. Vun 1888 bis 1889, an dann nees vun 1895 bis 1914, war e President dovun.
Hien huet sech aktiv fir Geschicht intresséiert, war Member vun der 'Société archéologique' a President dovun tëscht 1888 an 1894.
Den Henri Vannérus war de Jong vum Nottär an Dikrecher Buergermeeschter François-Julien Vannerus (1779-1850) an de Monni vum Historiker Jules Vannérus. Hie war de Schwoer vum Charles Metz, dee seng Schwëster Justine (1808-1849) 1827 bestuet hat.