Henri Wehenkel
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Henri Wehenkel, gebuer de 17. Abrëll 1940 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Politiker a pensionéierten Enseignant an der Geschicht am Stater Lycée technique du Centre.
Henri Wehenkel | |
---|---|
Gebuer |
17. Abrëll 1940 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Lycéesprofesser, Politiker |
Partei | KPL |
Famill | |
Bestuet mat | Janine Frisch |
Papp | Antoine Wehenkel |
Den Henri Wehenkel huet zu Paräis Philosophie studéiert. Well hien déi franséisch Exame gemaach huet, an net déi lëtzebuergesch am Kader vun der deemoleger "Collation des grades", gouf hien net zum Stage am Classique zougelooss.[Source?] Dofir huet en als Chargé de cours am Lycée technique du Centre geschafft. Donieft huet eng ganz Partie vun Etuden iwwer zäitgeschichtlech Theeme verfaasst a publizéiert. Hie war vun 1985 un, zesumme mam Serge Hoffmann, historesche Beroder vum Musée national de la résistance et des droits humains zu Esch-Uelzecht.
Vun 1990 bis 2001 war hie President vun der Stater Sektioun vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg, vun 1999 bis 2001 Vizepresident. De 17. Oktober 2002 ass hien aus dem Exekutivkommitee vun der KPL ausgeboot ginn.
Hien ass Matgrënner vun déi Lénk, vu Liberté de conscience a vum Comité pour une paix juste au Proche-Orient.
Den Henri Wehenkel ass e Jong vum Ingenieur a Politiker Antoine Wehenkel (1907-1992) a Brudder vum Claude Wehenkel. Hien ass mat der Professesch an Historikerin Janine Frisch bestuet[Source?].