Hinzerter Kräiz
Denkmal un 82 Lëtzebuerger, déi am Zweete Weltkrich zu Hinzert an zu Köln higeriicht goufen / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Hinzerter Kräiz gouf am Mäerz 1946 um Nikloskierfecht opgeriicht. Et gouf aus Holzdunnen aus dem SS-Sonderlager Hinzert am Honsréck zesummegesat an et erënnert un déi 82 Lëtzebuerger, déi am Zweete Weltkrich zu Hinzert an zu Köln am Prisong Klingelpütz higeriicht goufen, an um Nikloskierfecht begruewe sinn. De Schräiner Jos. Colabianchi, dee selwer Prisonéier zu Hinzert war, huet déi Dunnen a Fassong bruecht, an d'Kräiz zesummegesat.
D'Hinzerter Kräiz wärend der Zeremonie vun der Journée de la commémoration nationale 2016. | |
Typ | Monument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Nikloskierfecht |
Koordinaten | 49°36'54,5152"N, 6°7'9,9826"O |
Ageweit | 1969 |
Material | Holz |
Kënschtler | Joseph Colabianchi |
Statut | Klasséiert Monument |
Am Joer 1969 gouf d'Plaz ronderëm d'Hinzerter Kräiz nei amenagéiert. Dobäi gouf dem Kënschtler Lucien Wercollier seng Bronze-Figur De politesche Gefaangenen derbäigesat. De Wercollier selwer gouf zwee Joer laang zu Hinzert an am KZ Lublin gepéngegt.
1974 gouf d'Hinzerter Kräiz zesumme mat der Plaz ronderëm zum Monument national erkläert[1], an dréit zanterhier den offiziellen Titel Monument national de la résistance et de la déportation.