Hummer (Handwierksgeschier)
From Wikipedia, the free encyclopedia
En Hummer ass e Schlaginstrument, bei deem nom Hiewelgesetz d'Intensitéit vum Schlag duerch eng Verlängerung vum Hiewelaarm verstäerkt gëtt.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Hummer besteet aus engem Kapp an engem Still. De Kapp vum Hummer kann, jee no Gebrauch, e Gewiicht tëscht e puer Gramm bis enger ettleche Kilogramm hunn. De Still ass mat engem Käil an engem Lach, dat am Hummerkapp ass, festgemaach.
En Hummer ka fir verschidde Saache gebraucht ginn, wouvun déi gängegst sinn:
- fir eppes futtizeschloen,
- fir eppes an eppes anescht eran ze schloen (en Nol an eng Mauer zum Beispill) oder
- fir eppes ze formen (Metaller z. B.).
Jee nodeem ass d'Gréisst an d'Form vum Hummer ugepasst.