Józef Gosławski
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Józef Jan Gosławski, gebuer de 24. Abrëll 1908 zu Polanówka an der Woiwodschaft Lubelskie, a gestuerwen den 23. Januar 1963 zu Warschau, war e polnesche Sculpteur a Medailleur.
Józef Gosławski | |
---|---|
Gebuer | 24. Abrëll 1908 |
Gestuerwen |
23. Januar 1963 Warschau |
Nationalitéit | Polen |
Aktivitéit | Karikaturist, Sculpteur, Designer |
Hien huet zu Krakau, Warschau a Roum studéiert. Hien huet haaptsächlech Skulpture gemaach, dorënner eng fir de Frédéric Chopin déi zu Żelazowa Wola an der Woiwodschaft Masowieckie opgestallt ass. Zu senge Wierker zielen awer och Mënzen (ënner anerem fënnef an zéng Złoty) a Medailen.
De Gosławski war Präisdréier bei ville Konschtkompetitiounen a gouf mam Verdéngschtkräiz a Sëlwer vun der Republik Polen (Srebrny Krzyż Zasługi) ausgezeechent. Zu sengen Éiere goufe vill Ausstellunge gemaach.
Zanter 1948 war hie mat der Wanda Mankin bestuet, an d'Koppel krut zwee Kanner.