Jacques Gallé
lëtzebuergeschen Eisebunner a Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean François Jacques Gallé, gebuer den 10. Abrëll 1875 zu Bouneweg a gestuerwen den 28. Mäerz 1945 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur (Geometer) op der Eisebunn a Politiker.[1]
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Jacques Gallé | |
---|---|
Gebuer |
10. Abrëll 1875 Bouneweg |
Gestuerwen |
28. Mäerz 1945 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Radikal-Liberal Partei |
Zoumaachen
Hie gouf bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 als Deputéierte vun der Radikal-Liberaler Partei an d'Chamber gewielt. Hie gouf bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925, dës kéier fir d'Vereenegt Lénk, erëmgewielt.