James Fox
brittesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den James Fox, gebuer als William Fox den 19. Mee 1939 zu London, ass en englesche Schauspiller.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
James Fox | |
---|---|
Gebuertsnumm | William Fox |
Gebuer |
19. Mee 1939 London |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Harrow School, Central School of Speech and Drama |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Papp | Robin Fox |
Mamm | Angela Muriel Darita Worthington |
Geschwëster | Edward Fox, Robert Fox |
Kanner | Laurence Fox |
Zoumaachen
Am Joer 1950, am Alter vun 11 Joer, krut den James Fox seng éischt Roll am Film. Seng éischt wichteg Roll huet hien am Joer 1963 am Film The Servant vum Joseph Losey gespillt.
Aner bedeitend Filmer an deene hien ze gesi war, sinn The Chase (1966) vum Arthur Penn, Passage to India (1984) vum David Lean an The Remains of the Day (1993) vum James Ivory.
Hien ass de Papp vun de Schauspiller Laurence, Jack a Lydia Fox an de Brudder vum Schauspiller Edward Fox an dem Filmproduzent Robert Fox.