Jean-Baptiste Fallize
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Baptiste (Olav) Fallize, vu lëtzebuergeschen Eltere gebuer den 9. November 1844, net wäit vun Harel, an der Gierwerei zu Bëtleng (fr.: Bettelange[1]) an der belscher Gemeng Villers-la-Bonne-Eau[2] a gestuerwen den 23. Oktober 1933 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Editeur, Journalist, Polemist, Politiker an éischte Bëschof vun Norwegen. Kuerz no senger Gebuert si seng Elteren op Ueschdref geplënnert. Am Joer 1850 hu si sech zu Harel niddergelooss, an do e Gierwereibetrib gefouert. Seng Jugendzäit huet de Fallize deementspriechend zu Harel verbruecht.[2]
Jean-Baptiste Fallize | |
---|---|
Gebuer | 9. November 1844 |
Gestuerwen |
23. Oktober 1933 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Gregorianesch Peepstlech Universitéit, Stater Kolléisch |
Aktivitéit | Journalist, kathoulesche Priister, Politiker, Schrëftsteller, kathoulesche Bëschof |
Famill | |
Geschwëster | Michel Fallize |
De J.B. Fallize war de Matgrënner vun der Sankt-Paulus-Dréckerei an Editeur vun e puer Zeitungen an Zäitschrëften, an deenen hien och matgeschafft huet.
1875, wéi de Fallize Paschtouer zu Pënsch war, hat hien d'Redaktioun vum kathoulesche Familljeblietchen Luxemburger Sonntags-Blättchen für Stadt und Land iwwerholl, an huet et Luxemburger Sonntagsblatt für Erbauung, Unterhaltung und Belehrung ëmbenannt. D'Blat gouf staark politiséiert an et huet sou gutt géint de "Sitteverfall" geschriwwe wéi géint d'Fräimaurer, d'Judden[3] an déi Liberal. Sou gouf de Fallize ee vun den äerdegste "Kulturkämpfer" vu senger Zäit.
Hie war vun 1881 bis 1887 Deputéierten an der Chamber.
Wéi de Fallize 1887 an Norwegen gaangen ass, fir do méi spéit Bëschof ze ginn, war et mat senge politeschen Aktivitéiten zu Lëtzebuerg eriwwer.
Déi lescht 12 Joer huet de Fallize am Zithaklouschter verbruecht, wou hien den 23. Oktober 1933 am Alter vun 89 Joer gestuerwen ass.[4] Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.
Fir un hien z'erënneren hunn déi Hareler zu Bëtleng op der Plaz, wou d'Gierwerei laanscht Bëtler Baach stoung, e Monument mat zwou Erënnerungsplacken opgeriicht[5]; zu Harel gouf och eng Strooss no him genannt: d'rue Mgr. Fallize.
Zu Ettelbréck war eng Gässelchen no him benannt. Déi gouf awer no längerer Diskussioun 2017, wéinst dem Falize sengen antisemitteschen Usiichten, op An der Baach ëmgedeeft.[6]
Hie war de Brudder vum Michel Fallize.