Jean-Claude Juncker
lëtzebuergesche Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Claude Juncker, gebuer den 9. Dezember 1954 zu Réiden op der Atert[1], ass e lëtzebuergesche Politiker.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Jean-Claude Juncker | |
---|---|
De Jean-Claude Juncker, am Abrëll 2019 | |
Gebuer |
9. Dezember 1954 Réiden op der Atert |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Lycée Michel-Rodange, Universitéit vu Stroossbuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | CSV |
Member vun | Eurogrupp, Académie des sciences morales et politiques |
Famill | |
Bestuet mat | Christiane Frising |
Zoumaachen
Hie war vun 2014 bis 2019 President vun der Europëscher Kommissioun.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kommissioun Juncker.
Virdru war hie vun 1982 bis 2013 ouni Ënnerbriechung Member vun der Lëtzebuerger Regierung an zanter 1995 Premierminister (zäitweileg och Finanzminister). Ausserdeem war hie vun 2005 bis 2013 President vum Eurogrupp. No de virgezunnene Chamberwale vum 20. Oktober 2013 war hie fir e puer Méint Deputéierten an der Chamber.