Jeannot Belling
lëtzebuergesche Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jeannot Belling, gebuer den 9. Februar 1952 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 4. Juli 2017[1],[2], war e lëtzebuergesche Politiker (DP).
Jeannot Belling | |
---|---|
Gebuer |
9. Februar 1952 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
4. Juli 2017 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
De Jeannot Belling war vum Januar 1982 bis den November 2011 Member vum Gemengerot vun der Stad Réimech, als Schäffe vun 1994 bis 1996 an als Buergermeeschter vum 1. Januar 1997 bis den 8. November 2009. Vun 2001 bis 2011 war hie President vun der Verwaltungskommissioun vum Réimecher Hospice civil[3]. Vun 2000 bis 2012 war hien de President vum SER (Syndicat des eaux de Remich); hie war och laang Sekretär vum Syndicat d'initiative et de tourisme vun der Stad Réimech a President vun der Schoulkommissioun[4].
Vun 1999 bis 2004 war hien Deputéierten an der Chamber[3].
An dem Ensemble vocal Jubilate Musica, der Chorale Sainte-Cécile vu Réimech[5], der Chorale Sainte-Cécile vu Wuermer[3] an an der Chorale réunie Donwen-Fluessweiler[4] war de Jeannot Belling als Sänger a Solist aktiv.
De Jeannot Belling war bal 40 Joer laang President vun der Amiperas-Sektioun Réimech, jorelaang Member vum Verwaltungsrot vun der Amiperas a vun 2014 u bis zu sengem Doud Nationalpresident vun der Organisatioun[3][6]. Vun 2000 bis 2015 war hie Member vum Verwaltungsrot vum SMA (Service moyens accessoires)[3].
Berufflech huet de Jeannot Belling bei der Douane geschafft[5].
A senger Jugend war de Jeannot Belling sportlech engagéiert: vun 1964 bis 1970 war hie Member vun der Nationalequipe vun der lëtzebuergescher Schwammfederatioun. Seng Paradediscipline war d'800-Meter-Streck[7].