Joseph Conrad
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Joseph Conrad, gebuer als Józef Teodor Nałęcz Konrad Korzeniowski den 3. Dezember 1857 zu Berdyczów (deemools Russland, haut Ukrain) a gestuerwen den 3. August 1924 zu Bishopsbourne, war e Schrëftsteller mat polneschen Originnen, dee seng Wierker op Englesch geschriwwen huet.
Joseph Conrad | |
---|---|
Gebuertsnumm | Józef Teodor Konrad Korzeniowski |
Gebuer | 3. Dezember 1857 |
Gestuerwen | 3. August 1924 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Essayist, Dréibuchauteur, Science-Fiction-Schrëftsteller, Autobiograph |
Nodeems seng Eltere gestuerwe waren, wéi hien e Kand war, ass hie mat 16 Joer op Marseille gaangen, fir Matrous ze ginn. 1878 goung en an England a krut 1886 déi brittesch Nationalitéit. 1888 gouf e Kapitän vun der "Otago". Seng Erliefnesser um Mier, besonnesch och am Kongo an op de malaieschen Inselen, huet hie vun 1890 un a senge Wierker verschafft.
1895 koum säin éischte Roman, Almayer's Folly, eraus. Ma eréischt 1914 hat hie säi literareschen Duerchbroch mat Chance.
Seng Romaner an Erzielungen zielen zu deene berüümtste Wierker vun der brittescher Literatur vum spéiden 19. a fréien 20. Joerhonnert. Déi bekanntst dovu sinn Lord Jim, Nostromo an Heart of Darkness.