Juegd
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Juegd bezeechent d'Aktioun vun engem Jeeër, déi doraus besteet, en Déier ze fannen, ze verfollegen, an et entweeder lieweg oder doudeg a säi Besëtz ze bréngen. Do wou d'Juegd gesetzlech gereegelt oder bestëmmt Leit virenthalen ass, gëtt déi onerlaabt Juegd mat Braconnage an de Jeeër mat Braconnier bezeechent.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Méi allgemeng ass Juegd oder Joen eng Handlung vu bestëmmte Liewewiesen, déi dora besteet, aner Liewewiesen ze fänken an doutzemaachen, fir se selwer z'iessen oder hir Nozuucht domat ze fidderen. A verschidde Géigende mécht de Mënsch dat haut nach aus där Ursaach.
Am iwwerdroene Sënn bezitt sech de Begrëff Juegd och op e Juegdrevéier oder eng Juegdgesellschaft, oder allgemeng op eng grouss ugeluecht Verfollgung respektiv Sich. An dësem Artikel gëtt d'Juegd beschriwwen, déi de Mënsch mécht, fir Wëld z'erleeën.