Kommissioun Juncker
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kommissioun Juncker ass de Collège vun Europäesche Kommissären ënner der Presidence vum Jean-Claude Juncker. Si huet den 1. November 2014 hir Funktioun ugetrueden als d'Nofollgerin vun der Kommissioun Barroso II. Si besteet aus engem President a 27 Commissairen, wouvunner der 7 Vizepresident sinn.
Am Juli 2014 hunn 422 Deputéiert vum Europäesche Parlament fir de Juncker gestëmmt, 250 géint en, 47 hu sech enthalen, 10 Stëmme waren ongëlteg an 22 goufen net ofginn.
Déi eenzel Commissairë ginn, op Virschlag vun den eenzele Regierunge vun de Memberlänner, vum President erausgesicht; et ass och hien, deen d'hir Aarbechtsberäicher festleet.
Nodeems déi eenzel Kandidaten op e Kommissärsposte vum Europäesche Parlament ausgefrot goufen (wouropshin ee Kandidat huet missen ersat ginn), huet d'Parlament den 22. Oktober 2014 mat 423 dofir an 209 dergéint (bei 67 Enthalungen) der Juncker-Kommissioun säi Vertrauen ausgeschwat.
D'Commissairë schaffen a sougenannte Clusteren (am Ganze fënnef) zesummen, d. h. a Politikberäicher, déi ënner dës 5 Rubricke falen (si entspriechen deene vum EU-Budget):
- Intelligenten an inklusive Wuesstem
- Nohaltege Wuesstem an natierlech Ressourcen
- Sécherheet a Biergerrechter
- Globaalt Europa
- Administratioun
Cluster | Ressort | Commissaire/-in | Memberstaat | national Partei | europäesch Partei | Foto |
---|---|---|---|---|---|---|
President | Jean-Claude Juncker | Lëtzebuerg | Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei | Europäesch Vollekspartei | ||
Globaalt Europa | Héich Representantin fir Aussen- a Sécherheetspolitik; Vizepresidentin |
Federica Mogherini | Italien | Partito Democratico | Sozialdemokratesch Partei vun Europa | |
1. Vizepresident; Besser Reguléierung | Frans Timmermans | Holland | Partij van de Arbeid | Sozialdemokratesch Partei vun Europa | ||
Vizepresidentin; Budget | Kristalina Georgiewa | Bulgarien | GERB | Europäesch Vollekspartei | ||
Vizepresident; Digitale Maart | Andrus Ansip | Estland | Estnische Reformpartei | Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa | ||
Vizepresident; Euro a Sozialdialog; Finanzstabilitéit, Finanzservicer a Kapitalmäert | Valdis Dombrovskis | Lettland | Vienotība | Europäesch Vollekspartei | ||
Vizepresident; Aarbecht, Wuesstem a Kompetitivitéit | Jyrki Katainen | Finnland | Nationale Sammlungspartei | Europäesch Vollekspartei | ||
Vizepresident; Energie-Unioun | Maroš Šefčovič | Slowakei | SMER – sociálna demokracia | Sozialdemokratesch Partei vun Europa | ||
Landwirtschaft | Phil Hogan | Irland | Fine Gael | Europäesch Vollekspartei | ||
Klima | Miguel Arias Cañete | Spuenien | Partido Popular | Europäesch Vollekspartei | ||
Konkurrenz | Margrethe Vestager | Dänemark | Det Radikale Venstre | Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa | ||
Digital Ekonomie | Günther Oettinger | Däitschland | Chrëschtlech Demokratesch Unioun vun Däitschland | Europäesch Vollekspartei | ||
Ekonomie, Steieren, Douane | Pierre Moscovici | Frankräich | Parti socialiste | Sozialdemokratesch Partei vun Europa | ||
Educatioun a Kultur | Tibor Navracsics | Ungarn | Fidesz | Europäesch Vollekspartei | ||
Emploi, Soziales, Aarbechtsmobilitéit | Marianne Thyssen | Belsch | CD&V | Europäesch Vollekspartei | ||
Fëscherei, maritim Affairen, Ëmwelt | Karmenu Vella | Malta | Partit Laburista | Sozialdemokratesch Partei vun Europa | ||
EU-Noperschaftspolitik an Erweiderungsverhandlungen | Johannes Hahn | Éisträich | Österreichische Volkspartei | Europäesch Vollekspartei | ||
Sécherheet | Julian King | Vereenegt Kinnekräich | keng | keng | 75px | |
Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet | Vytenis Andriukaitis | Litauen | LSDP | Sozialdemokratesch Partei vun Europa | ||
Humanitär Hëllef a Krisemanagement | Christos Stylianides | Zypern | Dimokratikos Synagermos | Europäesch Vollekspartei | ||
Bannemaart, Industrie, Entreprisen, PMEen | Elżbieta Bieńkowska | Polen | Biergerplattform | Europäesch Vollekspartei | ||
Entwécklungspolitik | Neven Mimica | Kroatien | Socijaldemokratska partija Hrvatske | Sozialdemokratesch Partei vun Europa | ||
Justiz, Konsumenten a Gender-Gläichheet | Věra Jourová | Tschechesch Republik | ANO 2011 | Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa | ||
Migratioun a Bannescht Sécherheet | Dimitris Avramopoulos | Griicheland | Nea Dimokratia | Europäesch Vollekspartei | ||
Regiounen | Corina Creţu | Rumänien | Partidul Social Democrat | Europäesch Vollekspartei | ||
Recherche | Carlos Moedas | Portugal | Partido Social Democrata | Europäesch Vollekspartei | ||
Baussenhandel | Cecilia Malmström | Schweden | Moderata samlingspartiet | Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa | ||
Verkéier, Weltraumpolitik | Violeta Bulc | Slowenien | Stranka Mira Cerarja | Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa | ||
- D'Kommissioun Juncker um Site vun der Europäescher Kommissioun