Lëscht vun de Vullen zu Lëtzebuerg
Wikimedia-Lëschtenartikel / From Wikipedia, the free encyclopedia
An dëser Lëscht vun de Vullen zu Lëtzebuerg sinn all Vullenaarten opgezielt déi bis elo zu Lëtzebuerg gesi goufen, sief et datt s'am Land bréien (z. B. d'Märel), op hire Wanderungen duerchzéien (z. B. d'Huergäns), hir Wanterquartéier am Land hunn (z. B. de Peschtvull) oder awer als Iergäscht wéinstens eemol gesi goufen (Beispill: Sëlwerméiw).
D'Lëscht, an och d'Legend riets an der Tabell, baséieren op der Checklëscht déi 2016 an de Vögel Luxemburgs[1] publizéiert gouf (Stand Mäerz 2016) an op Beobachtungen déi duerno publizéiert goufen (Stand September 2023).
Vullen déi zu Lëtzebuerg bréien, si mat engem Stärchen (*) markéiert
Déi lëtzebuergesch Nimm vun den Aarte sinn aus de Vögel Luxemburgs (2015) iwwerholl, sou wéi s'och op der Lëscht ze fanne sinn, déi natur&ëmwelt Enn 2014 publizéiert huet.[2]
Bedeitung vun den Ofkierzungen | |||
A | d'Aart gouf wéinstens eemol zanter 1950 zu Lëtzebuerg an der fräier Natur gesinn | B | d'Aart gouf nëmme virun 1950 an der fräier Natur gesinn |
C | verwëldert Hausdéier | J | Joresvull, lieft d'ganzt Joer zu Lëtzebuerg |
Z | d'Aart verléisst d'Bruttgebitt no der Brutt | W | Wantergaascht, d'Aart iwwerwantert zu Lëtzebuerg |