Lëtzebuerger Distrikter
fréier Verwaltungsdivisiounen zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Distrikter waren zu Lëtzebuerg bis den 3. Oktober 2015 eng administrativ Ënnerdeelung vum Land. Si goufen 1843 geschaaft[1], fir - iwwer d'Distriktskommissariat - als Schnëttstell tëscht de Gemengen an dem Inneministère ze déngen. 2015 goufe s'ofgeschaaft an d'Personal vum Inneministère iwwerholl.[2]. D'Koordinatioun mat de Gemenge geschitt ewell direkt iwwer e Service am Inneministère[3].
Et gouf hirer dräi, déi sech sou zesummegesat hunn:
- Distrikt Dikrech
- Distrikt Gréiwemaacher
- Distrikt Lëtzebuerg
- Kanton Capellen
- Kanton Esch-Uelzecht
- Kanton Lëtzebuerg, mat Ausnam vun der Stad Lëtzebuerg déi direkt mam Inneministère korrespondéiert huet.
- Kanton Miersch
Vun 1857 bis 1867 gouf et zousätzlech en Distrikt Miersch, mat de Kantone Miersch a Réiden[4],[5].