Lëtzebuerger Frang
fréier Wärung vu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lëtzebuerger Frang (ofgekierzt: LUF) war tëscht 1854 an 1999 (ausser tëscht 1941 an 1944) déi offiziell Wärung zu Lëtzebuerg. En ass bis 2002 an Zirkulatioun bliwwen, éier en dunn duerch den Euro ersat gouf. An der Period vun 1999 bis 2002 war de Lëtzebuerg Frang eng Subdivisioun vum Euro (1 Euro = 40,3399 Frang), obwuel den Euro dunn nach net zirkuléiert ass.