Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
lëtzebuergesch Foussballekipp / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, A-Kader (offiziell: Équipe nationale du Luxembourg de football / Équipe nationale A) ass eng Selektioun vun de beschte Lëtzebuerger Foussballspiller, déi vun der Fédération luxembourgeoise de football (FLF) ausgewielt ginn. Si representéiert d'FLF op internationalem Niveau, zum Beispill bei Frëndschaftsmatcher géint Ekippe vun aneren nationale Verbänn, awer och bei de Qualifikatioune fir d'Europameeschterschaft (UEFA) an d'Weltmeeschterschaft (FIFA).
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Lëtzebuerg | |||
Spëtznumm: | D'Roud Léiwen (Les Lions Rouges, Die Roten Löwen) | ||
Federatioun: | FLF | ||
Trainer: | Luc Holtz | ||
Meescht Matcher: | Mario Mutsch (102) | ||
Meescht Goler: | Léon Mart (16) | ||
Stadion: | Stadion vu Lëtzebuerg (Stad Lëtzebuerg) | ||
Historesch Matcher | |||
Éischte Match: | Lëtzebuerg – Frankräich: 1–4 29. Oktober 1911, Stad Lëtzebuerg | ||
Héchst Victoire: | Lëtzebuerg – Afghanistan: 6–0 26. Juli 1948, London | ||
Héchst Nidderlag: | Däitscht Räich – Lëtzebuerg: 0–9 4. August 1936, Berlin Lëtzebuerg – England: 0–9 19. Oktober 1960, Stad Lëtzebuerg England – Lëtzebuerg: 9–0 15. Dezember 1982, London Portugal – Lëtzebuerg: 9–0 11. September 2023, Loulé[1] | ||
Olympesch Summerspiller | |||
Participatioun: | 6 × (fir d'éischt 1920) | ||
Bescht Resultat: | Véierelsfinall 1948 | ||
|
Foussball ass eng vun de beléiftste Sportaarten zu Lëtzebuerg. An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Lëtzebuerger Nationalekipp op Plaz 85 vun 211 (Stand: September 2023).
D'Lëtzebuerger Foussballnationalekipp hat ni grousse Succès, an huet sech nach keng Kéier fir UEFA- oder FIFA-Meeschterschafte qualifizéiert. Lëtzebuerg huet souguer den Antirekord als d'Land mat der gréisster Zuel vu feelgeschloene Qualifikatioune fir d'Weltmeeschterschaft a fir eng regional Meeschterschaft. En Déifpunkt an der Geschicht waren d'Joren 1980 bis 1995 wou d'Selektioun 35 Néierlagen hannereneen huet missen astiechen. Am Oktober 1995 dogéint huet d'Lëtzebuerger Selektioun sech an der FIFA-Weltranglëscht fir d'éischt ënner déi 100 éischt Nationalekippe vun der Welt klasséiert, an dat fir zwéi Méint op der 98. Plaz.
Zanter 2010 ass de Luc Holtz Haapttrainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp. Ënner senger Leedung huet d'Ekipp weesentlech am meeschte Succès. D'Nationalekipp huet deemno géint d'Slowakei, Griicheland, Albanien, Ungarn, Nordirland asw. gewonnen, an huet mat en ettlechen zolidden Ekippen, ënner anerem mat Italien, Frankräich oder mam Senegal gläichgespillt.