Labour Party (Vereenegt Kinnekräich)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Labour Party ass eng brittesch politesch Partei. Si ass um Enn vum 19. Joerhonnert aus dem Zesummeschloss vun enger Rei lénksgeriichte politeschen a gewerkschaftleche Beweegungen entstanen. Traditionell vertrëtt si am Allgemenge sozialdemokratesch Standpunkten. Allerdéngs ass si, zanter den Tony Blair 1994 Party Leader ginn ass, méi no un de politeschen Zentrum geréckelt. Traditionell geographesch Schwéierpunkte vun der Labour Partei leien a Groussstied an den industrielle Regiounen an Nord-England.
Méi Informatiounen Logo, Basisdonnéeën ...
Logo | |
---|---|
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 1900 |
Ideologie: | Sozialdemokratie demokratesche Sozialismus |
Memberen: | 221.247 (2015)[1] |
Europäesch Affiliatioun: | Partei vun den Europäesche Sozialisten |
Websäit: | www.labour.org.uk |
Zoumaachen
Fir d'lescht huet d'Labour Party tëscht 1997 an 2010 de Premierminister gestallt. Zënterhier ass d'Partei an der Oppositioun.