Légion d'honneur
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'franséisch Éierelegioun, op Franséisch Ordre national de la Légion d'honneur, ass eng Associatioun vu verdéngschtvolle Militärpersounen oder Zivilisten, déi den 19. Mee 1802 vum Generol an Éischte Konsul Napoleon Bonaparte, nom Virbild vun der ofgeschaafter Monarchie sou wéi ë. a. den Ordre de Saint-Michel, den Ordre du Saint-Esprit, den Ordre de Saint-Louis gegrënnt gouf. Den Ordre de la Légion d'honneur ass zanterhier den héchsten a bekanntsten Uerde vu Frankräich a gouf nom Doud vum Napoleon bäibehalen. Haut ass de President vun der Republik Groussmeeschter vum Uerden (Grand maître); hie kritt deen Dag, wou e seng Funktiounen offiziell iwwerhëlt, de Collier du Grand-Maître – deemno eng Halsketten – iwwerreecht.
Am Uerde sinn ongeféier zwee Drëttel Militärpersounen an een Drëttel Zivilpersoune Member.
Déi éischt Verdeelung vun dëser Auszeechnung war de 15. Juli 1804[1]. Deen eelste Mënsch, deen d'Éierelegioun krut, war de Marcellin Babaud, en Zaldot aus dem Éischte Weltkrich. Hie gouf de 27. Juli 1994 am Alter vun 106 Joer Ritter vun der Legioun.
Zu Paräis gëtt et, direkt nieft dem Musée d'Orsay, de Musée de la Légion d'honneur. D'Légion d'honneur ënnerhält och eng schoulesch Institutioun mat engem Internat fir déi mannerjäreg Meedercher vu militäresche Memberen, déi am Asaz fir Frankräich gefall sinn.